De Rotary Club Esch huet am Kader vun den Festlechkeeten vun sengem 50e Anniversaire am Joer 2010 den Prix de la musique – Rotary Club Esch-sur-Alzette an d’Liewen geruff.
Mat dësem Preis ënnerstëtzt den Rotary Club Esch-sur-Alzette 3 jonk Studenten aus dem Escher Conservatoire, déi am vergaangenen Schouljoer duerch aussergewéinlech Leeschtungen iwwerzeegt hunn.
Bei dëser 9ter Editioun, nodeems dass d’Laureaten den Owend ugefaangen hunn, steet Brass Band vum Escher Conservatoire ënnert der Leedung vum Claude Schlim op der Bühn.
D’Brass Band vum Escher Conservatoire ass 1973 vum Fred Harles, Éierendirekter vum Conservatoire, gegrënnt ginn. Et ass deen eenzegen Ensembel an deem spezifesche Genre souwuel zu Lëtzebuerg wéi iwwert d’Grenzen eraus. Den Ensembel, dee virun allem eng pädagogesch Bestëmmung huet, gëtt vun de Studenten a Präisdréier vu Blechblosinstrumenter- a Perkussiounsklassen forméiert.
Säit hirer Grënnung am Joer 1973 huet d’Brass Band méi wéi 1400 Concerten zu Lëtzebuerg, an Däitschland, Éisträich, Belsch, Frankräich, England an an der Schwäiz gespillt.
Am Joer 2007 huet den Fred Harles dem Guy Conter, Trompetteprofesser am Escher Conservatoire, d’Leedung vun der Brass Band uvertraut.
Zanter September 2016, steet Brass Band ënnert der Leedung vum Claude Schlim, Chargé de Cours am Escher Conservatoire.